
Eis alljärlech AG huet dëst Joer zu Bartreng an der Rackett statt fonnt. Ier d‘Memberen all agetraff waren hate mer et fäerdeg bruecht den „PICON“ schonn eidel ze drénken ?
No eisem übleche Programm vun enger AG war dann dëst Joer e ganz wichtegen Punkt beschwat ginn. Den Tom, Änder, a Jacques haten sech vill Méi gemaach eis Statuten ze iwwerschaffen, déi och eestëmmeg ugeholl goufen.
Eis Statuten hunn d’Wahlprozedur vereinfacht an erwähnen fir d’éischte Kéier ee Conseil des Anciens Responsables (hu mir bei der UNEL geknäipt) an och d’Veräinsarchiv, dat de Wiesel verwalt an wat am Nationalarchiv deponéiert ass, wou sech professionnel Archivisten drëm këmmeren.
Dorop huet misse mat engem Limoncello ugestouss ginn.
Eisen eelsten Member ob dem Owend war de Michel Lauer deen och e Cado fir eis hat: E Gesangsbuch vum AVL, dat hien bei senger Daf 1962 krut! Buch ass villäicht e bessi vill gesot, d’ass éischter een Heft vun 20 Säiten mat 24 Lidder dran, di meeschten dovunn ruckelzig belsch franzéisch Studentenliddercher an och d’Hesperkutsch war schon dran! De Wiesel huet sech immens gefreet a wäerd dat Heftchen lo mol grëndlich analyséieren an herno an eist Veräinsarchiv leeen.
Ansonsten war et wéi ëmmer e gesellegen Owend wou keen hongreg heem gaangen ass.
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.