Säit dem Mäerz hu mir een neie Comité mat enger neier Spëtzt. Mëttlerweil hate mir zwou Comitéssëtzungen a si sou lues duerch de Besch, an ech ka Folgendes soen:
Zu de Leit
Well mir lo zu genuch sinn, hu mir eis d’Aarbecht e bëssen anescht opgedeelt, sou dass mir lo die folgend Zoustännegkeeten festhale kënnen:
Charge | Numm | Këmmert sech: |
---|---|---|
Präsident | Daniel ERPELDING | Am Zweifelsfall ëm alles, besonnesch awer ëm de Website. |
Vize-Präsident a Jugendbeobtrachten | Guy LUX | Ëm alles, awer just wann de President nit kann. An éischter Linn soll hien de Kontakt mat dem AVL garantéieren |
Secretär | Michel ASORNE | Ëm de Courrier an ëm d ‘Rapporten |
Keessier | Tom NICKELS | Ëm d’ Finanzen am allgemengen an ëm d’ Cotisatiounen am besonneschen. |
EierePräsident | Louis PHILIPPE | Ëm de Keelentournoi zu Féngig |
Member | André DETAILLE | Ëm d’Grillfest op der Drëps |
Gérant vum Membersfichier | Christian EVEN | Ëm d’Memberen, haaptsächlech ëm hier Donnéeën. Gitt him Bescheed wann dir plënnert oder eng nei Emailsaddress präféréiert |
Sportsminister | Jean-Paul SCHREINER | Ëm de Football |
Eventmanager | Pierre SCHWEIG | Ëm de Kalenner vun de Manifestatiounen |
Member | Jens CHRISTIANSEN | |
Eiere-Präsident | Jean FEYEREISEN | |
Member | Marc FISCHBACH | |
Member | Guy MAHOWALD | |
Member | Jean-Louis SALES | |
Member | Marc TOCK | Ëm den Tennistournoi den 22.9. |
Hei nach zwou Statistiken, iwwert d’Entwécklung vun der Zuel vun de Memberen, an deeër vun den Memberen am Comité.
Zu eisen Aktivitéiten
De Misch huet Iech et scho matgedeelt, di folgend Aktivitéiten stinn 2013/14 um Programm:
23. Juni 2013 | Pic-Nic | Drëps (Thillsmillen) |
---|---|---|
13. Juli 2013 | Fussball Tournoi géint déi Jonk vum AVL, uschléissend e gemittlechen Owend zesumme mat de Studenten |
|
22. September 2013 | Tennis Tournoi | Moutfort (14h) |
15. Oktober 2013 | Keelespillen | Fingig |
9. November 2013 | Agape | Mondorf |
20. Mäerz 2014 | Assemblée Générale |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.