Léif Al Oochener,
heimat luede mer iech häerzlech an op eisen
Pic-Nic op Nationalfeierdag
Densdes, den 23. Juni vun 11h30 un
um Site vum Centre Nautique de Luxembourg
(direkt un der Musel, net wäit vun 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher)
Bei traditionnel guddem Wieder a wonnerbarer Stëmmung bidde mir iech folgende Programm:
Aperitif
Leckeres vum Grill mat allem wat dozou gehéiert
Dessert a Kaffi
Ronderemturnen op der Wiss mat Volleyball, Petanque, etc.
Spass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Banane, etc.
Net onbedéngt an där Reihefolleg…
Umelle kennt der iech hei:
[lop3 h=”1433795675″]
Hei nach ee klengen Ausbléck op eis aner Aktivitéiten dest Joer wou mer eis och géife freeën iech ze gesin:
20. Juni 2015: | Fussball géint dei Jonk am Stade Nicolas Frantz zu Mamer |
15. Oktober 2015: | Keelenowend am Cafe op der Bréck zu Koplescht |
7. November 2015: | AGAPE A Guddesch zu Biereng |
An der Hoffnung iech zuelräich begréissen ze kënnen,
de Comité
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.