An deene letzten Deeg hunn ech mech, säit laangem mol rëm eng Kéier mat dem Projet AVLhistory beschäftigt. Ech war dobäi am Gaangen d’Lëscht mat de Comitéën vum A.V. d’Letzebuerger à Jour ze setzen. Ech wollt dobäi d’Quelle besser uginn, dowéinst kritt lo all Joër séng eegen Säit, z.B. de Comité vun 1972.
Ech hunn dunn op www.a-z.lu an der ELuxemburgensia mat verschiddene Suchbegrëffer gesicht an al Zeitungsartikelen fond! Di meescht dovunner si Berichter iwwert den Gebuertsdag vun der Grand-Duchesse, deen entweder vum Verein der Luxemburger in Aachen, vum Konsul oder och alt mol vum A.V. d’Letzeburger gefeiert goufen, oder si handelen von de Stiftungsfester. Iergendwann am Artikel steet dann ëmmer e Saz wéi deen heiten:
Es sprach noch der erste Chargierte des Akademischen Vereins der Luxemburger an der hiesigen technischen Hochschule, Herr Colas.
Ech sinn am Gaangen, die Artikelen online ze setzen, mee si sinn ganz schlecht mat villen, ville Fehler OCRiséiert. Dee Saz uewen, guff vun eLuxemburgensia iwwerigens folgendermoossen erkannt:
Es sprach noch der erste Chargierte des Aka»
bemischen Vereins ber Luxemburger an ber
> hiesigen technisches Hochschule, Herr Colas.
An dat ass nach eng vun deene bessere Passagen!
Mir konnten d’Lescht vun de Präsidenten dann ëm folgend Nimm erweiteren:
- Albert Scharlé 1921
- Jean-Pierre Mannon WS 1922/23
- Léon Cacitti 1926
- Edgard Schmitz 1929
- Emile Knaff 1930
- Henri Neumann 1933
- Frank Meyer 1934 an 1935
- Paul Klein 1936
- Norbert Pütz 1938 an 1939.
Ok, d’sinn der 9, keng 7, mee 7 wier halt d’Oochener Zuel gewiecht :-)
Den uewen erwähnten Franz Colas war schon als Präsident vun 1927 bekannt, mee lo wësse mir, dass hien och 1928 nach Präsident war. An den Artikelen stungen ëmmer nëmmen d’Nonimm, mee dank der Lescht vun den Letzeburger zu Oochen virun 1939, di ech bei deeër Geleenheet (ofgspeckt) och nees online gestallt hunn, konnte si identifizéiert ginn.
Interessant dobäi: De Léon Cacitti hat ech just als Leon Cacitté kannt. Dat dierft awer deen Numm gewiecht sinn, deen hien bei senger Nationaliséierung erréicht kruet. Hien léist domadder dann och de Jean Moia als éischten Auslänner dee Präsident vum AVL war of, deen iwwrigens 1934 och nach Giovanni geheescht huet, awer vu kéngem vu méngen Zeien an de 1990er Joeren sou genannt guff.
Et sinn der lo 10! Hunn nach een entdeckt, de:
Jean Schuster 1934.
Domadder hu mir ab 1921 eng duerchgehend Rei vu Präsidenten, mat der bemierkenswerter Ausnahm vun 1931. An deem Joer war d’Receptioun zum Gebuertsdag vun der Grand-Duchesse ausgefall, well den Hindenburg gesot hat, wéinst der Wirtschaftskrise sollte manner Receptioune sinn. Doduercher guff de Numm och nit iwwerliwwert.
Méiglicherweis hu mir nach een entdeckt. Den 13. Juni 1910 stung am Luxemburger Wort, “Institut für Hüttenkunde an der Technischen Hochschule eingeweiht”.
Da kënnt irgendwann de Saz:
“Unser Landsmann, Hr. cand. met. Faber drückte dann Hrn. Geheimrat Wüst die aufrichtigste Verehrung und Dankbarkeit seiner Schüler aus und überreichte als sichtbares Zeichen derselben eine Adresse welche die autographischen Unterschriften sämtlicher ehemaliger und jetziger Schüler trägt.”
Effektiv guff et een gewessen Eduard Faber, deen och Metallurgie studéiert huet an deen 1910 op der RWTH war. A wiem sengem Numm hien wuel di Ennerschreften iwwereescht huet? Vun der “Fachschaft” oder vum AV d’Letzebuerger?