Léif Kolleeginnen a Kolleegen,
Et ass endlech erëm sou wäit an di éischt Aktivitéit fir dëst Joer steet um Programm. Mir invitéieren Iech häerzlech op d´
Assemblée Générale 2020
Rendezvous ass den 11. Mäerz um 19:00 an der Mëllereffer Stuff (1, Rue de l’Alzette, L-7305 Steesel).
Op der Dagesuerdnung steet dëst Joer:
- Allocatioun vum President
- Aktivitéitsrapport vum Secretaire
- De Bilan aus der Siicht vum Tresorier
- Den Avis vun de Keesereviseuren
- Decharge vum Comité fir den Exercice 2019
- Wal vun de Comitésmemberen. Folgend Memberen si sortants a rééligibles:
André DETAILLE, Jean-Paul SCHREINER, Caroline GASPAR, Sophie HELLINGHAUSEN a Paul NATHAN.
Dëst Joer ginn och e neie President a Vize-President gewielt. Dir kennt är Kandidatur fir desen oder soss e Posten bis zum Ufank vun der AG stellen.
- Virschau op d‘Aktivitéite fir d‘Joer 2020
- Verschiddenes
Zur gudder Lescht gëtt et eppes Gutts z’Iessen, an zwar a Form vun engem Buffet. Opgedëscht ginn verschidden Lëtzebuerger Spezialitéiten (fir 38 €).
W.e.g. umelle bis den 4. Mäerz iwwer onsen Internetsite.
Ech erlabe mer Iech och nach eng Kéier drun ze erënneren datt eise Membersbäitrag fir d’Joer 2019 onverännert bei 15€ läit. Hei eis Kontosnummeren:
CCPL : LU82 1111 0443 2593 0000
BILL : LU79 0027 1005 3380 0000
Mat beschte Gréiss,
Fir de Comité
Sophie Hellinghausen
Bis elo ugemeld sinn:
Numm |
---|
Pierre Schweig |
Elio Rerman |
Ou-xi Zhan |
Guy Mahowald |
Tom Nickels |
Michel Hansen |
Louis Philippe |
Guy Lux |
Pol Dax |
Luc Frantzen |
Tom Jung |
Michel Waringo |
Jean-Paul Schreiner |
Jacques Meisch |
Jean-Marie Strasser |
André DETAILLE |
Sophie Hellinghausen |
Dengler Simone |
Malget Joe |
Daniel Erpelding |
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.