Och dëst Joer invitéiere mer Iech op eist
Traditionellt Grillfest op Nationalfeierdag
Sonndes, den 23. Juni ab 11:30 zu Bech-Maacher
Den Oflaf ass wéi gewinnt:
- Aperitif
- Gegrills mat allem wat dozou gehéiert
- Dessert a Kaffi
- Ronderëmturnen op der Wiss mat Volleyball etc.
- Spaass mam Motorboot op der Musel mat Waasserschi, Wakeboard, Wakesurf oder Promenade
De Site vum Club Nautique du Luxembourg (www.cnlwaterski.lu) ass direkt un der Musel, wann der vu Réimech kommt, hannert dem Hein lénks eran iwwert eng kleng Bréck. Parke kennt der vis-à-vis beim Losch: 5, Quai de la Moselle zu Bech-Maacher. Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 21. Juni iwwert de Formulaire ënnen un. D’Participatioun ass 20 Euro pro Erwuessenem.
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.