Rapport vum Grillfest 2024

Et hat eng Woch virdrunner guer nit gutt ausgesinn, d‘Wieder war kal a naass, an d‘Umeldungen hunn op sech waarde gelooss. Intern gouf scho gewitzelt “solle mir et nit léiwer “Grillfest vum Comité” nennen. Mee du koum d’ Sonn lues a lues eraus, de Jean-Marie hat eng Erënnerung geschéckt an een nom aneren huet sech ugemellt, och Leit di mir scho ganz laang nit méi gesinn haten.
Et ass dunn zwar nach eng Famill ausgefall, mee um Enn si 37 Erwuessener, dovunner 27 Memberen der Invitatioun nokomm, a si haten 30 Kanner vun all Alter matbruecht.
Di folgend Memberen waren um Rendezvous (alphabetesch nom biergerlechen Nonumm):
Steve ARENDT, Claude BELLOT, Claude BODEN, Pol DAX, Simone DENGLER, André DETAILLE, Daniel ERPELDING, Caroline GASPAR, Christian GATTI, Michel HANSEN, Sophie HELLINGHAUSEN, Alain HEYNEN, Yves HEYNEN, Guy LUX, Joe MALGET, Charel MARCY, Jacques MEISCH, Tom NICKELS, Christian PAULY, Elke PETERHÄNSEL, Louis PHILIPPE, Joe REIFFERS, Pit SCHMIT, Jhemp SCHREINER, Serge SIMON, Anne SPAUS, Jean-Marie STRASSER.
Wi mir bis erausfond haten, wou se d’Bänken virum Stuerm verstoppt haten, guff gegrillt, gefrupst (Grilladen an Zaloten, anscheinend gouf et souguer zwou mat CousCous obwuel just eng geplangt wor), Kaffi gedronk, mat dem Boot a Waasserschi gefuer.
Hei dann nach e puer Fotoën.

Be the first to comment

Leave a Reply

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.