No engem schéine Fest huet Dir villäicht e puer Fotoë gemeet, di sollen online gesat ginn. Dozou maacht Dir am beschten een aktuelle Posting mat enger sougenannter Gallery.
Wat ass virdrunner ze maachen?
- D’Fotoën vun der Kamera op de Computer brengen (gëtt hei nit gewisen, dat ass bei all Kamera anescht. Kuckt do ggf. d’Gebrauchsanweisung vun Ärer Kamera)
- Ggf. d’Fotoën reduzéieren (dofir gëtt et och eng Gebrauchsanweisung)
- D’Fotoën zenséieren (Muss di Foto wierklich op d’Internet? Kréien ech do kee Kaméidi mat dem an dem?)
An da lass
- Als éischt musst Dir Iech aloggen.
- Da maacht Dir een neie Posting. Entweder mat “new Post” oder dir klickt d’éischt op Posts an dann op add Post.
- Als nächst sinn dann e puer Felder auszefëllen; op der Zeechnung blo markéiert:
- 1: Ee sënnvollen Titel
- 2: Ganz wichtig; op geeegneter Plaz muss Dir d’Wuert
[gallery]
(gallery mat eckige Klammeren, alles kléng geschriwen) plazéieren. Domadder kritt d’Säit de Befehl fir herno d’Fotoën op genau deer Plaz unzeweisen.
- 3: Als Kategorie dierft an deene meeschte Fäll “Aktivitéiten” eng gutt Wahl sinn
- Als nächst mussen mir dann d’Fotoën op de Computer sichen goën, dozou klicke mir:
- 4: op add Media
- Am folgenden “insert media” Dialog klicken mir op upload images
- An dann klicke mir op [select images]
- Lo kënne mir d’Fotoën op eisen eegene Computer sichen goën. Dir musst da just nach op [open] klicken.
- Wa se all eropgeluede sinn, komme mir automatisch zréck an den “insert media” Dialog. Do drécke mir op dat Kräiz uewe riets, a kommen zréck zum “add new Post” Dialog. Da musse mir just nach
- 5: op [publish] drécken.
Ferdisch! klickt einfach op view Post a kuckt Iech d’Resultat un!
Kuck och
weider Texter dozou op aachen.lu
- Wéi reduzéieren ech meng Fotoen fir op de Site?
- Wat ass den Ënnerscheed tëschent engem Post an enger Page?
A wat soen se op WordPress dozou
Gebrauchsanweisungen op WordPress
Leave a Reply
You must be logged in to post a comment.